Antony Georges


Den Georges ass den 19.08.1966 gebuer an huet seng Primärschoul zu Bettenduerf gemach. Duerno ass hien an den Dikricher Kolléisch gaang an vun do aus an t`Ackerbauschoul op Ettelbréck gewiesselt. Berufflech schafft den Georges zanter 1984 bei der APEMH zu Bëtten/Mess an der Gäertnerei mat geeschteg behënnerte Leit. Donfieft schafft heen als Uebstbauer zu Bettenduerft.

Seng Musikalesch Ausbildung huet hien 1975 zu Dikrich ugefaang.

1976 huet den Georges mat der Querflütt ugefaang.

1978 ass den Georges an die Dirkircher Musek komm.

1981 huet den Georges säin 1. Präis am Solfège am Concervatoire zu Lëtzebuerg gemaach (Klass Théo Schalz)

1983 huet hien den 2. Präis ab der Querflütt gemaach (Klass Carlo Jans)

1984 Doduerch dass den Georges berufflech bedengt an den Süden geplënnert ass, huet hien och an der “Harmonie municipale Bascharage“ ugefaang.

Vun 1995 un huet den Georges d`“Jongbléiser Käerjeng“ opgebaut an se bis 2008 dirigéiert.

Mat Ufank 30 huet hien décidéiert sech musikalech weiderzebilden an huet Dirketiounscoursen beim André Reichling an Carlo Jans geholl.

2002 1. Präiss an der Querflütt (Klasse Christiane Grethen-Gras)

2003 1. Präiss an der Musique de Chambre (Klass Alain Bajot)

Donierft ass den Georges an Harmoniescoursen bei den Jean-Paul Fisch gaang.

Well den Georges bis zu deem Zäitpunkt awer selwer keen Blechblosinstrument gespillt huet, huet hien dunn mam Euphonium ugefaang an 2009 eng 1. Mentioun gemaach (Klass Sergei Khmielewskoi),

Vun 2003-2017 Dirigent vun der Fanfare Perlé.

Vun der Saison 2016-2017 un Dirigent vun der Fanfare Medernach.