Häerzlech Wëllkomm!
Fanfare Medernach a.s.b.l.jonk, dynamesch, musikalesch
D'Fanfare Miedernach, déi 1930 gegrënnt ginn ass, besteet momentan aus 57 Memberen.
De Veräin huet sech am Januar 2007 nei Statuten ginn an heescht vun do un "Fanfare Medernach a.s.b.l."
Virun allem setzen mir eis an, fir mat all eisen Memberen, an enger gudder a frëndschaftlecher Atmosphär eisem Hobby, der Musek, nozekommen.
Datt eis Fanfare haut e gudden musikalesche Niveau erreecht huet beweist, datt mir dat seriö maachen, ouni awer de Spaass an de Gaudi ze vernoléissegen.
De Veräin

Aktivitéiten
- Galaconcert,
- Spirituelle Concert an der Kierch,
- méi kleng Concerten zu Miedernach an Emgeigend
- Bedeelegung un kierchlechen an weltlechen Fester
- Theater spillen a bäibehalen vun aneren Traditiounen wéi Kleeschen, Chrëschtmaart asw.
#musicdoesntstop
Léif Frënn vun der Fanfare Medernach,
och an dëser schwiereger Zäit gëtt Musek maachen net ganz vergiess.
Sou hunn sech 4 Musikanten zesumme gedoen an hunn ee Stéck opgeholl wat fir des Coronavirus-Pandemie geschriwwe gouf.
Mir wënschen iech vill Spaass beim lauschteren.
“Song for Health” by Steven Verhelst
Gespillt vum Marc Mollitor, Bob Welter, Kay Fandel, Pol Mollitor
Bleift gesond a bis geschwënn!
Gëff och du Member bei eis!
Den Jugendensembel prouft vun 19 Auer bis 20 Auer.
Gëff och du Member bei eis!
Eis Prouwen sinn Donnschtes Owes.
Den Jugendensembel prouft vun 19 Auer bis 20 Auer.
Déi grouss Musek prouft vun 20 Auer bis 22 Auer.
Geschicht vun der Fanfare Medernach
Vun der Grënnung am Joer 1930 bis haut, ass et der Fanfare Medernach gelongen ee gudden Musikaleschen Niveau ze erreechen. Trotz all dem Fläiss, fir op engem gudden Niveau ze bleiwen, dierf de Spaass awer net vergiess ginn.
An deene Joer wou t`Fanfare Medernach elo besteet, ware vill schéi Momenter an awer och mol puer der net sou schéiner dobäi.
Virun allem an de 40 Joeren, wou de Krich t`Iwwerhand hat an t`Musek gezwonge gouf sech opzeléisen.
Sidd Dir un der Geschicht vun der Miedernacher Musek intresséiert, da kuckt Iech t`Rubrik vun der Geschicht un a liest an eise Broschüren déi zu de Feierlechkeete vun eisen Anniversairen eraus komm sinn.