Geschicht vun der Miedernacher Musek

Am laf vun de vergaangene Joren hunn sech vill Membere vun der Miedernacher Musek, mat vill Aarbecht an Idealismus fir de Veräin agesat, dofir loosse mer un dëser Plaz op all déi Joren zréckruffen.

Am Joer 1905 oder 1906 war schonns probéiert ginn, zu Miedernach eng Musek op d`Been ze stellen, mee déi “wëll Musek” huet wahrscheinlech net laang iwwerlieft. No mëndlecher Iwwerliwwerung koumen 2 Comitésmemberen aus de Miedernacher Pompjeeën, de Pierre Frank an de Mathias Baum (Franke Pitt a Baums Mett), Enn 1929 oder ufanks 1930 mat der Idee, zu Miedernach eng Pompjeesfanfare ze grënnen. Zu där Zäit haten eis Pompjeeën, wéi et deemools de Gebrauch war, Memberen, déi bei Geleeënheet vun engem Cortège a Clairon gespillt an eng Tromm geschloen hunn.

Déi zwee museksbegeeschtert Pompjeeën hate Rendez-Vous beim Här J.-P. Arend, Arbedsdirekter aus der “Villa”, haut Fondation Arend-Fixmer, an hu vun deem och Hëllef zougesot kritt. Wéi och nach aner Interessenten dobäikomme sënn, waren déi meescht derfir, fir en eegene Veräin ze grënnen, also eng Musek ouni Pompjeeën.

Wéi dëst beschloss ginn ass, huet sech de Franke Pitt, dee säi Liewe laang mat Läif a Séil Pompjee war, zréckgezunn. De Baums Mett awer huet matgehollef, eng eegestänneg Musek ze grënnen an hien huet do och laang Jare Bügel geblosen.   

De 27. Mäerz 1930 war dann am Schoulsall vun de Bouwen d`Grënnungsversammlung vun der Fanfare, wou 38 Memberen opgeholl gi sinn.

De 5. Abrëll 1930 beschléisst de Comité, eng Dosen Instrumenter beim Institut Emile Metz zu Dummeldeng zum gënschtege Präis vu 6.000 Frang ze kafen, dëst op Vermëttlung vum Arbedsdirekter Jean-Pierre Arend hin.

Déi eemoleg Cotisatioun, déi beim Antrëtt an de Veräin huet misse bezuelt ginn, gouf fir aktiv Memberen op 50 Frank festgesat a weider 50 Frang waren ze berappen, wann ee genuch Musekswësse beherrscht an en Instrument kritt huet. Dëst waren deemools vill Suen, a beweist de staarke Wëlle vun de Miedernacher, fir hir Musek op d`Been ze stellen. Fir d`Instrumenter kënnen ze kafen, maachen d`Membere vum Comité an de nächsten Deeg eng Kollekt bei den Awunner vu Miedernach.

Den 2. Abrëll gëtt och eng Ufro fir e Subsid un d`Miedernacher Gemeng gemaach. An der Äntwert vum 15. Abrëll deelt d`Gemengeverwaltung mat, datt et an enger klenger Uertschaft net méiglech wier, fir méi Veräiner um Liewen ze halen. Aus dësem Grond leeën se der Musek un t`Häerz, fir sech mat de Pompjeeën zesummenzedoen. D`Gemeng géif iwwert Bewëllegung vun engem Subsid ofstëmmen, nodeems se a Besëtz vun deementspriechende Statuten an engem geneeën Devis vun den neien Instrumenter wier.

De jonke Veräin huet seng Memberen zesummegeruff, a vu 26 hu 25 Leit géint ee Vermësche mat de Pompjeeë gestëmmt. An engem Bréif vun 18. Abrëll huet t`Musek mat aller Iwwerzeegungskraaft probéiert, d`Gemeng ëmzestëmmen. An engem hunn se en Devis vun den neien Instrumenter bäigeluecht.

Den 9. Mee sënn déi éischt Statute vun der Fanfare Miedernach vun alle Memberen ënnerschriwwe ginn.

Deen éischten Dirigent gëtt agestallt an d`Musek bestellt 10 weider Instrumenter. Nodeems dës Instrumenter agetraff sinn, ginn dann och déi éischt Kape fir t`Musikante bestallt, déi awer fir d`Veräinskeess net ze vill ze belaaschten, vun all Member selwer muss bezuelt ginn.

No ville Schwieregkeeten an deene leschte Joren, déi t`Musek mat vill méi iwwerstanen huet, huet t`Fanfare Miedernach 1939 hir éischt Uniform kritt. Eng Uniform huet deemools 275.- Frang kascht, woubäi all Member 75.- Frang bäigeluecht huet. Op Ouschterméindeg ass t`Musek dann zu Miedernach bei der Onofhängegkeetsfeier mat engem Ëmzuch an dem Planze vun 2 Fräiheetsbeem dobäi.

1940: Sonndes, den 28. Januar ass bei Geleeënheet vun der Generalversammlung, eng kleng Feier fir den 10-järegen Anniversaire organiséiert ginn. Dës Generalversammlung sollt fir déi nächst Joren déi lescht Versammlung sënn.

1945: Trotz der Tragik an dem grousse Schued, deen de Krich hannerlooss huet, hunn d`Membere vun der Fanfare mat der Hëllef vun de Miedernacher Leit an der Gemeng, de Veräin nees lues a lues opgebaut. De materielle Schued, d.h. 15 Instrumenter, dat gesamt Noutematerial an d`Ariichtung vum Musekssall, hu mussen ersat ginn. Een Deel vum fréiere Comité huet d`Geschäfter vum Veräin bis déi nächst Generalversammlung virugefouert.

1946: No enger 5-järeger Ënnerbriechung, gëtt de 27. Januar nees eng Generalversammlung ofgehalen. De Veräin bedeelegt sech nees un alles Duerffester, un der Iechternacher Sprangprëssessioun, an der Fiels un der Fahnenwei vum FC Rupensia an un der Aweiung vun enger Muttergottesgrott zu Eppelduerf, op där Plaz, wou d`Jongen am Krich an engem Bunker verstoppt waren.

Wann dir méi iwwert t`Geschicht vun der Miedernacher Musek wëllt gewuer ginn dann ass t`Buch der 75 Joer Feier ze empfeelen. Hei fannt dir alles iwwert t`Geschicht vun der Miedernacher Musek wei och vu Miedernach selwer.

T`Fanfare Medernach 1956

Image