Eisen ale Fändel 1932-1956

Michels Albert 1987

Image

Wéi mer 1956 en neie Fändel kruten, hat logescherweis deen alen ausgedéngt. Fir t`éischt louch en zesummegerullt ganz hannen um 2m héijen Nouteschaaf am ale Musekssall, wou e jo och net gehënnert huet, bis – jo, bis mer 1973 am neie Kulturzenter och deen neie Proufsall zur Verfügung haten. Natierlech ass beim Plënneren och deen ale Fändel erëm opgedaucht.

Do gouf en duerno vun engem Eck an deen anere gestallt, well an déi nei modern Schief huet en net eragepasst, jee, och do huet en ugefaangen ze hënneren an ze genéieren. E gouf lues a lues ëmmer méi uergen a fatzeg, ma et huet kee sech getraut vum Ewechgeheien ze schwätzen, bis enges gudden Daags ee vun de Responsabele vum Veräin, den Albert Alf en einfach mat heem geholl huet fir en ze versuergen.

Mee och do ass no enger Zäit geplënnert ginn, an de Fändel huet nees gehënnert. Zu gudder Lescht ass en an engem ale Stall gelant, wou en alt nees e puer Joer laang en Ënnerdaach hat.

E Comitésmember, den Albert Michels huet sech op eemol senger erënnert an huet mat enger Persoun iwwert eng eventuell Restauratioun geschwat. Si hunn sech gëeenegt, déi Persoun war gewëllt op d`mannst dat schéint a wäertvollt Muster vum Fändel ze erhalen. E schéinen Ophänkert misst dach nach dra sinn! Dat ass och gegléckt. D`Resultat vun där Aktioun kann ee bewonneren, am Proufsall vun der Musek.

Der Mamm vum eisem Keesier Jeannot Wiesen, d`Madamm Maria Wiesen-Michels, hu mir et ze verdanken, dass dee wonnerschéine Modell vun 1. Fändel vun der Miedernacher Musek, deen de Veräin 24 Joer laang bäi frouen an traurege Geleeënheeten virop gaangen ass, äis iwwert Joerzéngten an hoffentlech nach wäit doriwwer eraus erhale bleift, well „ästhetesch“ setzt en déi meescht vun haut wäit an de Schiet!

Mat den Nationalfaarwe rout-wäiss-blo, mam Eechelaaf a mat den Eechelen, a mam roude Léiw – d`Symboler vun der Trei, der Dauerhaftegkeet an der Stäerkt – stellt en dräi Eegenaarten duer, déi all Veräin soll hunn!

Wéi et och ass, zu gudder Lescht huet eise Fändel dach nach dee Respekt kritt, dee jo wierklech all Fändel zegutt huet.

 

 

Michels Albert 1987