E klengen Bléck op den 46-säitigen Artikel vum Auteur EDMOND KIRTZ, wou déi 11 Caféen beschriwwen ginn, déi fréier zu Miedernach waren. (mat iwwert 100 Fotoën)





De René Fisch, fréieren Vize-President vun der Fanfare Medernach, spillt Wiert „op der Schnepperkopp“ 




Hei stelle mer Iech lo d’Caféë vir, déi fréier hei zu Miedernach existéiert hunn: fréier waren et der 11, haut sënn et der nach just 4.

Sou e Café ass schonn eppes Flottes! Et ass eng Plaz, wou een sech zu puer treffe kann, fir iwwer all Méigleches ze schwätzen, fir vill Neies gewuer ze ginn, wou ee Kollegen erëmgesäit, vun deenen ee laang Zäit näischt méi héiren huet.
    Ech së mer sécher, datt et genau sou nach ëmmer an de Caféen zougaang ass, haut genee wéi fréier!
Wéi den Auto an de Fernseh ëmmer méi opkomm sënn, huet d’Liewen sech an de Wiertschaften schlagaarteg geännert. Déi Wiertshaiser mat enger Keelebunn waren do besser drun.
    Fréier soll et vill méi gemittlech an eise Caféë gewiescht sënn, deemools sënn d’Leit nach zesummekomm, fir mateneen ze schwätzen, an sech Geschichten ze zielen. Sonndes no der Mass konnten se nach an aller Rou eng Parti Kaart maachen.
    Et ass méi Branntewäin wéi Béier gedronk ginn, an d’Leit ware méi geselleg. D’Clientèle war meeschtens déi selwecht, et waren haaptsächlech Kaartespiller an och gutt Frënn, déi an de Café komm sënn, fir hire Patt ze drénken.
    D’Caféen haten et fréier schwéier, nëmmen vum Café eleng z’iwwerliewen, dofir ass de Mann aus dem Haus meeschtens nach enger anerer Aarbecht nogaangen.
    Et sënn natierlech och Dierfer ginn, wou keng Caféë waren. An dësen Uertschaften, wéi zum Beispill zu Suewelbur (Gemeng Miedernach), hunn d’Brenner sech ofgewiesselt, fir de Leit puer mol am Jar, bei speziellen Deeg, hir Dieren opzeman an e gudde Patt ze zer-
wéieren. Fir deen Dag ass dann e Kranz aus Reiser bei d’Strooss gehaang ginn, fir de Leit dëst matzedeelen. Sou gouf erzielt, datt d’Brennerei Schmit-Arend, haut Feltes-Schmit zu Suewelbur, Albinnesdag, hir Dieren ophat, fir Gedrénks ze zerwéieren.

De Café „An Hessen“.........

De Café „A Jeepen“.......

asw.





D’Membere vun der Musek Jean Dostert, J.-P. Hanten, P. Huss, Ern. Haller an Emile Becker mat der Wiertsfra Eugénie Alf-Fisch 



Druckbare Version

SitemapKontaktImpressum