Éis Sprooch
(Di “Miedernacher Sprooch”)


Autor: Albert Michels 




´t sief eenzock gesot, datt et lei net ëm d’Lëtzebuergischt am grousse Ganze geet, ma ëm di Sprooch, di mir als Kanner hei zu Miedernach vun iser Mamm an isem Papp geléiert gi sënn. ´t ass di Sprooch, wéi s’am ganze Streech heirëmmer geschwat ginn ass an zimlech „typisch“ ass fir de Raum Miedernach-Suewelbuer-Freckeisen-Iermsdref-Folkendeng-Steeën-Schrondweller-Noumer a Kruuchten, sou wéi den Nic. Pletschette se senger Zäit geschriwen huet!
Di Miedernacher Meedercher ginn no der Vesper op d’Päerdercher. Mat dësem Saz ass fréier ëmmer diene Miedernacher hir Sprooch charakteriséiert ginn. ´t ass ganz schwéier, se sou ze schreiwen, wéi se sich a Wierklichkeet unhéiert. Am noosten kim een derbäi, wann een den „er“ mat engem „ä“ gif schreiwen, schwätze muss een en awer mat engem mëllen oder weechen „ä“ vir am Mond, net mat engem haarden oder schaarfen hannen an der Strass! Dat wier dann ongeféier esou: Di Miedänachä Meedächä ginn no dä Vespä op d’Päerdächä.

´t muss een zouginn, datt déi Sprooch, verglach mat aneren, beileiwe keng schéin ass, ´t ass nun eemol eng Baueresprooch, ma si war eng Eegenart vun hei, déi et wäert wier, erhal ze ginn, grad sou wi aner Sproochgewunnichten och!

Dat ass awer guer net su einfach, a méi wi sécher och net ze realiséieren, well ´t hëlt ee schonn anuecht, datt se lues a lues d’Läpper hänke lisst a geschwë ganz verschwonnen ass! Doru sënn alt Ursaache schold, déi op der Hand lei’n: Is Kanner ginn e sëlliche mi fréi wi soss an auswäertig Schullen, wou se mat ville frieme Kanner zesummekommen. Si stellen sich huertig ëm, wann dat „Miedernacher“ ausgelaacht gëtt. An da sënn ëmmer méi friem Lätt, déi sich hei am Duerf usëssig man an natierlich sou schwätzen, wéi si et vun doheem aus gewinnt sënn. Um Enn bleiwen da nëmme méi di puer Stack-Miedernacher vu virum Krich, déi sich net genéieren, hir Mammesprooch ze schwätzen, su laang wi se liewen.
Fir déi Lätt, déi vun auswäerts hier op Miedernach komm sënn an sech fir déi Sprooch intresséieren, sief hei e klengen Text opgesat, wou s’en etlich Wierder dra fannen, déi nëmmen lei an éisem Duerf sou gesot ginn!
Text: (mat „ä“)
Ise Néckel an ist Siss vun Huschent kommen hätt nees bäi is eessen! Ist Gréit huet hinnen telefonéiät, ´t gif Bunneschlupp mat Paangig. D’Lätt son ëmmä dat wier näischt Apaartes, ma wa mir dat hunn, da kommen di zwee all Kéiä extra aus dem Hondséislek rof an da freessen déi Bunneschlupp bis se bal iwerlafen, den Néckel apaart.

Mir mussen is schonn ëmmä bal freckt laachen, wa mä wëssen, datt se kommen. Den Néckel ass een „kënns de net hätt, da kënns de mar”. Alles ass diem egal! Ob hien no Mastepuddel sténkt odä no dä Mëst, hie kuckt net ëm. Knaschtig a fatzig kim die vun Huschent rof, wann d’Siss net ëmmä hannät em wier. Ech ka mich erënneren, datt s’eemol kumen, wi em Néckel zwi Knäpp um Schneddälach gefeelt hunn! Draach, Dabo a Fatzbeddel huet d’Siss e vernannt, si ware mol nach net zerguttst aus dem Auto. Is Gued huet alt de Kapp gerëselt a gegrommelt: “Lompekréimä an eng Honsfott!” – Ma mir se frou, wann se kommen, well iergend eppes ass all Kéiä wënsch, an dann hu mir ise Spunnes mat hinnen.

Hei, d’läst waren s’eng Kéiä komm, du hat is’t Gréit och Bunne gekacht mat gebake Quattschen dran. Den Néckel hat awä dragefacht wi d’Sau an de Weessebräi! En huet sich net ginn, bis de Komp äddel war. Henno konnt e keng Odä am Leif mi réieren! „Wann dien eppes mat Bunne kritt, dann ass en drunn“, sot d’Siss iwä Dësch, „d’Ierdsen huet en net gär, d’Muerten och net! Ierdsen a Muerten ass dach Geméis, dat jidderee gär ësst. Awä nee, hien net, hie muss Bunne kréi’n. En ass su glott wi ech weess net wat!”

Wi se heem gefuer sënn, - den Néckel hat ëm véiä Auä bäim Kaffi nach dräi Stéckä Quattschentaart geess an eng Mëtsch -, du ass e mam Auto hannäzich an e Kupp Fäschte gerannt, well en sech hannät dem Steiärad net méi gedréit kritt huet, fir hanneraus ze kucken. Zu éisä zwinn hu mä nach gejaut “hal stall”, ma ´t war schonn ze spitt! Eng déck Titsch hat’n am Auto. D’Siss huet e vernannt, Schëmmel a Bless, e war net mi gutt fir heeschen ze gon! Z’Jar hätt e richt eng Titsch an den Auto gemaach, sot et, an eng fatzig Schréips, wi se Schwäerzbä plécke waren.

Den Néckel wier du och pullriicht an e Pierjepull gerannt. Lo ging e fir d’Frecken näischt mi mat plécken, keng Schwäerzbä, keng Hambä, keng Molbä, näischt. Wa se keng Ierbä a keng Krischelen am Gaart hätten – Potäkrichelen an däer roudä hu se – da krijen s’iwerhaapt näischt méi fir Gebeess ze kachen, huet et gebaupst, da missten s’ëmmä nëmme Quattschekraut op d’Kuuscht schmieren, odä kaaft’ne Struddä. „E Kapp huet en well wi en Uess, wat e mi al gëtt, wat e mi verbruet gëtt!“ Emmä nëmmen um liddrigen Oosch lei’n, dat miich en am léifsten!

Mir hu gelaacht, wi d’Siss sich su g’iergert huet, mir konnte net méi. Den Néckel huet Panzrappichte kritt drop an derwiddä, ´t wier eng Kitz voll ginn, ischtä nach weddä! Ma hie stung hanne bäi dä Mall vum Auto nëmmen ze räpsen an z’iddätsen, - an d’Titsch ze bekucken, en huet kee Wuert g’äntwät. Dien hat d’Middächen, a fro net wéi! A vun Äifä an heemlichä Roserei e Gesiicht su rout wi e Kouäddä, dien mat Huewästréi geriwwe ginn ass. Ech giff mat dä wetten, e wier am léifsten hannä d’Scheiä an de Päsch gelaf eng Wedd schnedden fir d’Siss ferm lasszezéien!
Enn vum Text.

Dir gesitt, ´t ass nach laang net su liicht di Miedernacher Sprooch ze schwätzen, wann een net vun hei gebiirtig ass. Ma ´t wier alt scho schéin,
wa jiddereen dien hei wunnt, winnstens de lëtzebuergische Numm vun isem Duerf wësst an och sou giff son. - ´t ass dach nëmmen ee klenge Bustaf méi, dien ischten die mer fréier an der Schull geléiert hunn! ´t huet senger Zäit Krämpes kast, éis lëtzebuergisch Duerfnimm mat op d’Stroosseschëlter ze kréi’n, duerfir loosse mer s’och an éiser Sprooch richtig schwätzen a schreiwen!




Druckbare Version

SitemapKontaktImpressum